Hypnose ass ee ganz natierlechen Zoustand, vergläichbar mat enger déiwer Meditatioun. De Klient ass bei vollem Bewosstsäin a wees wat e mécht a seet. Hee behällt zu all Moment déi komplett Kontroll.
An der Hypnose mécht sech d'Ënnerbewosstsäin op.
Hei befanne sech laang vergiesse Geschéinisser, un déi mir eis an dësem Zoustand rëm kënnen erënneren.
Dobäi ass eist Ënnerbewosstsàin sou schlau, dat et nëmmen souvill präisgëtt, wat de Klient dee Moment verkraaft.
Am hypnoteschen Zoustand leeden ech de Klient mat enger Rees an d'Regressioun.
An der Regressioun land de Klient meeschtens a sénger Kandheet, wou hee mat séngem Ënnerleche Kand Blockaden/Konflikter opléise kann.