Iwwert mech

Wee sinn ech?

Mat hollänneschem Papp an lettescher Mamm, 1966 zu Eindhoven an Holland gebuer. 
Säit 1970 wunnhaft zu Lëtzebuerg.
Stolz Mamm vun 2 erwuessene Bouwen.
Mat mengem Mann wunnhaft zu Mäerzeg. 
Zu eiser Famill gehéieren 6 Muppen, 13 Kazen, 2 Pärd, 2 Eselen, 3 Schof an 4 Geessen.
- Leewenslaang bekénnend Déiereschützerin.
- Joerelang Erfahrung an der Medialitéit (Trance, Heelung, Transkommunikatioun).
- Ofgeschlossen Äusbildung als Schamanesch Beroderin.
- Ofgeschlossen Äusbildung am Reiki, Grad I + II.
- Ofgeschlossen Äusbildung als Hyponose-Regressiounstherapeutin.

Kandheet:

Als Kand hunn ech onbeschwéiert mat mengen Déieren am Feeëräich gespillt. Mir hunn mam Wand gedanzt an mat den Gnomen stoppes gespillt, bis traumatesch Erliefnisser mech brutal an déi ‘real’ Welt gehäit hunn.
Fir mech virun den Äuswiirkungen vun dësen Kandheetstraumata ze schützen (Angscht, Schamgefill & Co. wären alldeeglech um Programm) huet mäin Ennerbewosstsäin déi traumatesch Kandheetstraumata no Joeren virun mir weggespärt, soudat keng Errënnerung méi do wär. Wat blouf wären d’Emotiounen: ondefinéierbar Ängscht a Schaamt, déi mech a jonken Joeren zu engem Rebell gemeet haten.
Ab Mëtt 20 hunn ech mech dem Schamanismus zougewandt, wär onbewosst op der Sich no Äntferten an hunn de Wee zréck an déi spirituell Welt fond.

Krankheet an Heelung:

Wéll awer meng Traumata weider am Verbuergenen agéiert hunn, hunn si sech duerch Alkohol bemierkbar gemeet. Sou hat den Alkoholismus 20 Joer laang, mat Ups and Downs, d’Macht iwwert mech. Am Schlepptau, all seng alldeeglech Begleeder: Angscht, Panikattacken, Mannerwäertegkeetsgefiller, Äusgeschlossenheet vun der Gesellschaft, Depressiounen & Co.
Hei am Land wär keng Hëllef ze fannen: Keen Dokter, kee Psychiater, kee Psychologue wosst mech ze heelen.
Schlussendlech, no joerelaangem Sichen fir Heelung ze fannen, krut ech an enger Regressiounstherapie an Holland (hei am Land gouf et dat deemols nach nit) d’Errënnerung un meng Kandheetserliefnisser fräigesat an koum duerch d’Verschaffen an d’Heelung. Ab do huet Alkohol keng Roll méi an mengem Leewen gespillt. Adé Ängscht, Mannerwäertegkeetsgefiller, Depressiounen & Co. Ech hunn endlech ugefaang mäi Leewen an meng Bestëmmungen zu leewen. 

Meng 2 Bestëmmungen:

Meng éischt Bestëmmung wär et Déieren an nit-artgerechter Haltung ze hëllefen. Dëst hunn ech lo, neft mengen Äusbildungen, 30 Joer laang um Terrain gemeet.
Meng zweet Bestëmmung an dësem Leewen besteet doranner den Matmënschen, déi an der selwëschter Situatioun sinn, wou ech 20 Joer laang gefaang wär, an déi Heelung sichen, de Wee zur Heelung ze weisen. (Ech kann nit heelen. Meng Erfahrungen hunn mir gewisen: d’Heelung läit an Jiddferengem selwer drann).

Mäin Werdegang:

2015 hunn ech meng Äusbildungen am Schamanismus an am Reiki ofgeschloss. Vun 2016 unn, sinn ech reegelméisseg duerch Europa ënnerwee an besichen spirituell Seminaren an der Medialitéit (e.a. Arthur Findlay College zu Stansted (ENG), Zwanenhof zu Zenderen (NL), Landgoed Ehzerwold zu Almen (NL), HemiSync am Odenwald (D), an der Geomantie am Rheinland (D).
D’Ausbildung zur Hypnose/Regressiouns-Therapeutin hunn ech am Hypnose-Institut zu Bech (L) gemeet mat ofschléissendem Diplom vun der National Guild of Hypnostics, Inc.

Share by: